De 95er an 98er Bensinn klammen ëm jeeweils iwwer 1 Cent de Liter. Beim Diesel ass et eng Hausse vun 2,3 Cent.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 1,7 Cent erop op dann 1,996 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vun 1,4 Cent op 2,224 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 2,3 Cent méi a geet domat op 1,979 Euro de Liter erop.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 3 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,463 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 2,4 Cent op am Ganzen 1,448 Euro de Liter an d'Luucht.

RTL