Et war en exzellent Joer sot de Jeannot Waringo, President vum Verwaltungsrot vun den CFL, e Méindeg de Moie bei der Bilanspresentatioun fir d'Joer 2021.

No der Pandemie hätten d'CFL sech nees gutt erholl: Nodeems d'Passagéierzuel 2020 em iwwer 40 Prozent erofgaangen ass, konnt d'Eisebunnsgesellschaft d'lescht Joer nees e Plus vu bal 15 Prozent bei de Passagéier verbuchen.
Mat ronn 17 Millioune Voyageure wier een zwar nach net um Niveau vun 2019, mee spéitstens Enn des Jores 2022 misst een erëm op där Trajectoire sinn, erkläert de Generaldirekter Marc Wengler.

Och mat der Pénktlechkeet vun den Zich ass een zefridden, déi léich bei gutt 92 Prozent.

2021 konnt d'CFL e Rekordresultat vun 20,9 Milliounen Euro verzeechnen, an dat trotz Iwwerschwemmungen. De Chiffre d'affaires hätt fir d'éischte Kéier eng Milliard Euro iwwerschratt. De gréissten Deel vum Resultat kéim aus de Kontrakter mam Staat. Et wieren och iwwer 400 nei Leit rekrutéiert ginn, sou dass elo bal 5.000 Leit bei den CFL schaffen.