Mat der Hausse klëmmt de 95er Bensin nees knapp op iwwer 2 Euro de Liter, trotz Baisse bleift den Diesel awer net wäit dovunner ewech.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 1,1 Cent erop op dann 2.007 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vun 0,9 Cent op 2,233 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 1,0 Cent manner a geet domat op 1,960 Euro de Liter erof.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 2 Cent de Liter méi gënschteg a kascht dann 1,443 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet esouguer ëm 3,4 Cent erof op am Ganzen 1,414 Euro de Liter.

RTL

© RTL-Grafik