Beim 95er an 98er Bensinn ass et en Donneschdeg ëm Hallefnuecht eng Baisse vun 3,3 respektiv 3 Cent.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 3,3 Cent erof op dann 1,974 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vun 3 Cent op 2,203 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 2,8 Cent méi a geet domat op 1,988 Euro de Liter erop.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 2,8 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,471 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 1,9 Cent op am Ganzen 1,433 Euro de Liter erop.

RTL

© RTL-Grafik