Alt nees kënnt et zu enger Ännerung bei de Spritpräisser. Den Diesel kascht vun e Samschdeg un 1,996 Euro de Liter, wat eng Hausse vun 0,8 Cent ass.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 3,1 Cent erof op dann 1.943 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vu 4,5 Cent op 2,158 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 0,8 Cent méi a geet domat op 1,996 Euro de Liter erop.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 1 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,481 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet 0,8 Cent erop op am Ganzen 1,441 Euro de Liter.

RTL