Am Mee 2019 hunn d'Aarbechten ugefaangen, am Oktober soll d'Eisebunnsbréck iwwer der Autobunn fixéiert ginn an Ufank 2027 fueren d'Zich driwwer.

Déi nei zukünfteg Eisebunnsbréck vun de CFL. Si ass imposant. Aus Stol gebaut ass d'Bréck 200 Meter laang, bal 19 Meter breet a 40 Meter héich. 5.850 Tonne schwéier ass se. Si besteet aus stolen Träger an enger Bëtongsdall.

Dës Eisebunnsbréck ass spéider e Puzzelstéck vun der neier Zuchstreck, déi laanscht d'Diddelenger Autobunn leeft. Si ass exklusiv fir den internationalen Trafic virgesinn an huet eng Längt vu 7 Kilometer.  Den TGV wäert also och hei driwwer jauwen.

De Weekend vum 7.Oktober gëtt d'Diddelenger Autobunn gespaart. Dann ass geplangt, déi nei Bréck op hir zukünfteg Plaz ze fixéieren. Enn 2026, Ufank 2027 soll dann am Prinzip d'Neibaustreck vun der Eisebunn tëscht der Stad Lëtzebuerg a Beetebuerg fir den Trafic fräi gi ginn.