D'Spritpräisser ginn erof. Den Diesel kascht vun en Dënschdeg un 1,97 Euro de Liter, wat eng Baisse vun 2,4 Cent ass.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 2,5 Cent erof op dann 1,91 Euro de Liter. Och beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vu 2,5 Cent op 2,13 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 2,4 Cent wéineger a geet domat op 1,97 Euro de Liter erof.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 2 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,46 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet 1,5 Cent erof op am Ganzen 1,426 Euro de Liter.

RTL