Op Nationalfeierdag klammen d'Spritpräisser nees e bëssen, dat tëscht 0,7 an 2,1 Cent de Liter.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 0,7 Cent erop op dann 1,925 Euro de Liter. Och beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vu 2,1 Cent op 2,154 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 1,7 Cent méi a geet domat op 1,989 Euro de Liter erop.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 1,7 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,478 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) huet déi selwecht Hausse a kascht am Ganzen 1,443 Euro de Liter.

RTL