D'Spritpräisser ginn erof. Den 95er Bensinn kascht vun e Samschdeg un 1,897 Euro de Liter, wat eng Baisse vun 2,8 Cent ass.

De 95er Bensinn (E10) geet also ëm 2,8 Cent erop op dann 1,897 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vun 2,7 Cent op 2,127 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 2,5 Cent manner a geet domat op 1,964 Euro de Liter erof.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 2 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,458 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 2,6 Cent erof a kascht 1,417 Euro de Liter.

RTL

© RTL Grafik