Wärend den Diesel ëm Hallefnuecht ëm 0,2 Cent méi bëlleg gëtt, ass et beim Bensinn eng Hausse vun 0,4 respektiv 3 Cent de Liter.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 0,4 Cent erop op dann 1,901 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vun 3 Cent op 2,157 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 0,2 Cent manner a geet domat op 1,962 Euro de Liter erof.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 0,1 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,457 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) gëtt 0,7 Cent méi deier a kascht 1,424 Euro de Liter.

RTL

© RTL-Grafik