Iwwerdeems de Liter Diesel vun en Donneschdeg ëm Hallefnuecht un 8,4 Cent manner kascht, klëmmt de 95er Bensinn ëm 1,5 Cent de Liter.

Den Diesel kascht 8,4 Cent manner a geet op 1,878 Euro de Liter erof.

De Präis vum 95er Bensinn (E10) klëmmt dogéint ëm 1,5 Cent op 1,916 Euro de Liter. Den 98er Bensinn (E5) geet ëm 0,3 Cent op 2,160 Euro de Liter an d'Luucht.

Beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm) ass et eng Baisse vun 8,6 Cent op der Pompel. De Liter kascht deemno nach 1,371 Euro. Ëm 8,7 Cent geet de Präis vum schwiefelaarme Masutt (50ppm) erof op 1,337 Euro de Liter.

RTL