D’Kanner aus der Noumer Gemeng fueren 3 Woche laang mam Vëlo an d’Schoul.

Dat Ganzt ass eng Initiativ vun den Elteren. Si hunn dat Ganzt dëst Joer zesumme mat der Police an der Gemeng organiséiert. Um Freideg de Moie goung et vu Kruuchte knapp 4 km bis op Noumer an d’Primärschoul.

Rendez-vous um Freideg de Moien zu Kruuchten: Déi Lescht hunn nach hire Vëlo kontrolléiert an domadder waren déi ronn 30 Kanner prett, fir ze fueren. Mat dobäi waren natierlech eng Rei Elteren. 2020 hate si d’Initiativ an d’Liewe geruff, fir datt d’Kanner sech och am Confinement konnten zesumme beweegen, erkläert eis d’Carmen Weisgerber.

Deemools goung et zu Schrondweiler fort. Vill Leit hätten am Endeffekt awer d’Vëloe mam Auto vu Kruuchten op Schrondweiler gefouert, fir kënne matzefueren. D’Streck Kruuchten-Schrondweiler ass eng Haaptstrooss mat relativ vill Trafic. Dofir hätt een d’Gemeng an d’Police gefrot, fir d’Kanner 2 Mol freides do ze begleeden. 3 Woche laang fuere si also vu Schrondweiler – an den 1. an 8 Juli a Begleedung vun 2 Police-Autoe vu Kruuchten aus.

2021 si bal 90 Kanner matgefuer. Si hunn zesummen 3.300 km gemaach. Iwwert déi lescht Woch sinn all Dag ëm 30-40 Kanner matgefuer. D’Elteren organiséiere sech ënnerteneen, fir datt ëmmer Erwuessener matfueren, erkläert d’Sandra Bornhofen, déi och schonns déi lescht Joren dobäi war. Et wier och flott, datt een aner Eltere géif kenneléieren, déi ee virdrun net kannt huet. Si géifen dann och oppassen, datt déi méi kleng ëmmer hannendru bleiwen, esou nach den Andy Greter, deen och mam Vëlo matgefuer ass.

D’Gemeng huet sech nieft der Stroossespär och ëm den Transport vun de Schoulsäck gekëmmert. Déi goufen alleguerten agesammelt a mat der Camionnette an d’Schoul gefouert. D’Vëloe koumen an d’Garage vun der Primärschoul. D’Kanner schéngen op alle Fall begeeschtert. Fir e puer vun hinnen ass et schonns déi drëtte Kéier, datt si matfueren. Et wier "cool, fir elo mam Vëlo ze fueren”, erkläert e Jong. En aneren erkläert, datt hie sech endlech e Vëloswee tëscht Kruuchten a Schrondweiler wënscht, fir datt hie bei seng Kolleege ka fueren. Well do bleift den Ament just d’Haaptstrooss. Ouni d’Hëllef vun der Police also ze geféierlech. D’Gemeng wéilt zanter Joren ee realiséieren. Et hätt een och schonns eng Rei Echangë mat der Regierung gehat. Leider léichen d’Prioritéiten do awer op anere Plazen, bedauert den Noumer Buergermeeschter Franco Campana.

D’Fëschbecher Gemeng hätt dës Joer iwwregens och matgemaach. Si wieren déi éischt. Esou hofft een, an Zukunft weider Gemengen ze inspiréieren.