D'Spritpräisser ginn erof. De 95er Bensinn kascht vun e Samschdeg un 1,878 Euro de Liter.

De 95er Bensinn (E10) geet also ëm 3,8 Cent erof op dann 1,878 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vu 6,7 Cent op 2,093 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 3 Cent manner a geet domat op 1,848 Euro de Liter erof.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 4 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 1,331 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet ëm 3,6 Cent erof a kascht 1,301 Euro de Liter.

RTL

© RTL-Grafik