Alt nees kënnt et zu enger Ännerung bei de Spritpräisser. Den Diesel kascht vun en Dënschdeg un 1,901 Euro de Liter, wat eng Hausse vu 5,3 Cent ass.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 3,1 Cent erof op dann 1.847 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Baisse vun 3,2 Cent op 2,061 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 5,3 Cent méi a geet domat op 1,901 Euro de Liter erop.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 5 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,381 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) geet 5,1 Cent erop op am Ganzen 1,352 Euro de Liter.

RTL

© RTL-Grafik