No der Annonce vun de Streckeradaren an den Tunnelle Stafelter, Grouf a Gousselerbierg goufen e Mëttwoch schonn dräi Radaren installéiert.

Wéi scho bei de Streckeradaren op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng a beim Tunnel Markusbierg geet een dovun aus, datt se fir d'éischt an eng Testphas kommen. Dee Moment géing d'Vitess zwar gemooss ginn, ma Strofe ginn et eréischt, wann d'Radaren operationell sinn.

Aktuell géifen RTL-Informatiounen no d'Radaren a Richtung Norden an der Entrée vun den Tunnelle Stafelter a Grouf installéiert ginn, a Richtung Süden beim Tunnel Stafelter.