Egal wou een zu Lëtzebuerg hifiert, ënnerwee wäert een op mannst ee Schantje begéinen. Duerch de Kollektivcongé ass et hei déi nächst Wochen awer roueg.

Eleng um Site vun der CITA (Contrôle et information du trafic sur les autoroutes) sinn aktuell ronn 75 Chantiere registréiert. Dës sinn am ganze Land verdeelt. Just am Weste vu Lëtzebuerg ass et e bësse méi roueg. Et gëtt awer keng Gemeng, déi hei besonnesch erausstécht, sou d'Ponts et Chaussées.

Bei dëse ronn 75 Schantercher bleift et awer net. Bei der CITA sinn eleng fir déi nächst Wochen a Méint schonn 100 weider Baustelle ugemellt. De gréisste Schantjen hei am Land ass den Ament den Ausbau vun der A3.

Am Duerchschnëtt dauert e Schantjen tëscht engem Dag an engem Joer. Wéi vill Chantieren eleng vun der Ponts et Chaussées lafen, konnt een eis net soen. Et ginn nämlech och eng Onmass vu méi klenge Schantercher, wéi och Entretiens- a Maintenance-Aarbechten, sou d'Explikatioun. Dobäi kommen dann och nach Baustellen, déi iwwert d'Gemenge selwer lafen.

Um Freideg huet dann offiziell de Kollektivcongé ugefaangen. Et misst déi nächst puer Wochen also méi roueg ginn. Eng Partie Betriber hunn awer eng Autorisatioun ugefrot, fir och wärend dem Kollektivcongé kënne weider ze schaffen. Bei der Ponts et Chaussées wäert déi nächst 3 Woche just op engem Schantje viru geschafft ginn, an zwar op der Vëlospiste zu Esch-Beval. Dës weideren hat e virgesinn, wärend dem Kollektivcongé weider un der N40 ze schaffen, also dem neie Boulevard de Kyiv. Dës Aarbechte konnten awer méi fréi ofgeschloss ginn.