Vun 2027 u kéint d’Erneiere vun der Flott bei der Cargolux ufänken. Do stellt sech d'Fro, weider op Boeing ze setzen oder awer op Airbus.

En Deel vun den alen Jumboe geet an d'Pensioun. D'Maschinne vum Typ Boeing 747-400 ginn duerch de Modell 777 ersat. Dat hunn déi Responsabel vun der Cargogesellschaft lo confirméiert.

Dem Katalog no kascht eng sou eng Cargo-Maschinn iwwer 400 Milliounen. D'Cargolux wëll der 10 beim amerikanesche Produzent bestellen. Aktuell gëtt iwwer Remisë verhandelt.

De Volume ass dee selwechte wéi beim Jumbo. A punkto Verbrauch ass den neie Fliger awer däitlech besser wéi de 747-400. Boeing versprécht 30% manner Emissiounen.

Deemno géifen d'Betribskäschten pro Tonne, ëm 25% erof goen.  En imposante Fliger. Mat engem Rumpf aus Aluminium a Flilleken aus Komposit. Speziell ass, fir manner Platz um Buedem anzehuelen gëtt d'Spanwäit vun 72 Meter reduzéiert, an deem op all Säit de Flillek ëm 3 an en hallwe erop geklappt gëtt.

Déi extreem leeschtungsstaark Motoren vun Generel Electric goufen zu Dubai am Kader vun der Airshow virgestallt. Motoren déi mat 50% nohaltegem Jet-Fuel fléie kënnen. Bal wéi eng Rakéit geet den Triple 7, deen déi Legendär 747 an d'Pensioun schécke wäert, an d'Luucht.

De Richard Forson, mat enger gewësser Nostalgie an der Stëmm: ''D'747 gëtt och 'd'Queen of the Skys' genannt. Et wäert en trauregen Dag ginn, wann dee leschten an eiser Flott fir ëmmer wäert um Buedem stoen. Mä dat wäert net virun den 2040er Joren de Fall sinn.''

5 Joer bleiwen fir den historesche Wiessel op d'Triple 7 vir ze bereeden. An onsécheren Zäiten. Vu Pandemie bis Krich. Vu gestéierte Liwwerketten bis héich Inflatioun. Den Ament ginn am Verglach mat 2021, liicht manner Wueren geflunn, bei awer weider héije Präisser.

Déi méi modern Jumboe bleiwen der Cargolux awer nach erhalen. D'Fluchgesellschaft wëll nach bis an d'40er Jore mat der Boeing 747/8 weider fléien.

Den Ament huet d'Cargolux 30 Fligeren, alleguer vu Boeing, gedeeft op d'Stad Lëtzebuerg iwwer Diddeleng, Esch an Iechternach bis op méi exotesch Nimm wéi Cervino, also d'Matterhorn oder nach Zhenzou.

Beim Choix huet och d'Ëmweltfrëndlechkeet eng wichteg Roll gespillt, esou de Generaldirekter Richard Forson.

"Eise Choix bréngt eng Reduktioun beim Ausstouss vun Co2, Nox etc. D'Technologie, déi agesat gëtt, ass um leschte Stand, wat fir Fligeren entwéckelt gouf".

D'Cargolux huet 2021 e Rekord-Gewënn vun 1,3 Milliarden Dollar gemaach. Dat ass eng Hausse vu ganzer 68 Prozent am Verglach zum Joer virdrun.

Gutt 1,2 Milliounen Tonne Fracht hunn déi 30 Boeing 747 vun der Cargolux d'lescht Joer iwwer déi 5 Kontinenter transportéiert. Sou geluede waren d'Fligere vun der nationaler Cargo-Airline nach ni, zanter d'Jumbo-Jetten am Asaz sinn.

Et wier wuel eng Erausfuerderung gewiescht, wärend der Corona-Pandemie ze schaffen, gläichzäiteg wier déi och een Haaptgrond fir dës Hausse vun der Demande fir den Transport vu Wuere mam Fliger.