Vun e Samschdeg u klammen d'Präisser op der Pompel nees alleguerten.

De 95er Bensinn (E10) geet ëm 1,1 Cent erop op dann 1,742 Euro de Liter. Beim 98er (E5) Bensinn ass et eng Hausse vu 1,5 Cent op 1,974 Euro de Liter.

Den Diesel kascht 2,8 Cent méi a geet domat op 1,816 Euro de Liter erop.

De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt 3,4 Cent de Liter méi deier a kascht dann 1,283 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50ppm) klëmmt ëm 3,2 Cent a kascht dann och 1,283 Euro de Liter.

RTL