Schantercher, de Vëlosummer 2022 oder z.B. eng Braderie: Dat suergt och dëse Weekend fir verschidde Perturbatiounen am Trafic.

Autobunn
Chantier e Samschdeg an der Jonctioun Grengewald. D'Brëtell vun der A1 a Richtung Tréier op d'A7 a Richtung Ettelbréck ass vu moies 7 bis owes 18 Auer gespaart. Deviatioun via de RP Serra um Kierchbierg.

Nuetschantier op der A13 am Tunnel Aessen. D'Collectrice ass an enger 1ter Phase bis den 13. August an der Woch tëscht de Sortien Éilereng an Déifferdeng gespaart: 1) a Richtung Schengen vun Owes 8 bis Moies 5 Auer. Deviatioun via Echangeur Déifferdeng / N32 / N32A / CR174 / N31 / RP Raemerich 2) a Richtung Péiteng vun Owes 9 bis Moies 6 Auer. Deviatioun via RP Raemerich / N31 / CR174 / N32A / N32 / Echangeur Déifferdeng.

Iwwer Land
Am Kader vum "Vëlosummer 2022" sinn eng Partie Strécke fir de motoriséierte Verkéier gespaart. Concernéiert sinn dëse Weekend (30.07/31.07.2022) :

- N27 Esch/Sauer – Lëlz
- N27 Heischtergronn – Giewelsmillen
- CR115 Kruuchten – Schrondweiler
- CR118 Fiels – Chrëschtnech

De ganze Mount, duerchgoend (24/24) vum 30. Juli bis den 28. August 2022 inclus:

- CR154 Alzeng – Siren
- Av. G-D. Charlotte Dudelange (tëscht der Rue Dominique Lang an der Rue Jean Jaurès)

Braderie e Samschdeg zu Péiteng, dowéinst sinn d’route de Longwy an d’route de Luxembourg (Nationale 5) vu Moies 6 Auer bis Mëtternuecht gespaart. Fuert den Deviatiounsschëlder no. Staugefor op den Alternativen.

Chantier um CR181 tëscht dem Briddel a Stroossen vun e Méindeg (01.08) 9 Auer moies bis e Freideg (05.08) 4 Auer mëttes. Sens unique vu Stroossen a Fahrtrichtung Briddel ; gespaart deemno vum Briddel a Richtung Stroossen. Deviatioun ass gezeechent. (Entretien Voirie)

An der Stad
Zu Bouneweg sinn op der Kraizung vun der route de Thionville mat der rue du Cimetière an der rue de Neufchâteau vun e Samschdeg de Moien 6 bis e Sonndeg de Mëtteg 5 Auer d'roud Luuchten net a Betrib. Halt iech w.e.g un d'Signalisatioun.