De Liter 95er Bensinn (E10) geet en Dënschdeg ëm Hallefnuecht ëm 1,1 Cent erof op dann 1,731 Euro de Liter.

Beim 98er Bensinn (E5) ass et eng Baisse vun 0,9 Cent de Liter op 1,965 Euro de Liter.

De Präis vum Diesel geet ëm 0,5 Cent de Liter zeréck a kascht vun en Dënschdeg un 1,811 Euro de Liter.

Och de Masutt gëtt liicht méi bëlleg. De schwiefelfräien (10 ppm) a schwiefelaarme Masutt (50ppm) ginn ëm jeeweils 0,6 Cent méi bëlleg op 1,277 Euro de Liter.