D'Opfëlle vu sämtlechen Tanke gëtt vun en Donneschdeg u fir jidderee däitlech méi gënschteg.

De Präis vum 95er Bensinn (E10) fält ëm 6,2 Cent op 1,669 Euro de Liter. Den 98er Bensinn (E5) geet ëm 6,7 Cent op 1,898 Euro de Liter erof.

Den Diesel kascht 9,8 Cent manner a geet op 1,713 Euro de Liter erof.

Beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm) ass et eng Baisse vu 9,8 Cent op der Pompel. De Liter kascht deemno nach 1,179 Euro. Ëm 9,8 Cent geet de Präis vum schwiefelaarme Masutt (50ppm) erof op 1,179 Euro de Liter.

De Konsumenteschutz fuerdert iwwerdeems méi eng héich Reduktioun vun de Spritpräisser. 7,5 Cent leet de Staat jo aktuell bei all Liter bäi. Deen Tankrabatt soll op 15 Cent eropgoen, mengt d’ULC. E gouf jo elo mol fir de Mount August verlängert.

RTL