Kollektivcongé gëtt et den Ament kee bei der Nationaler Eisebunnsgesellschaft.

Wärend d'Zich an der Stater Gare an- an ausfueren, ass eng spezialiséiert Ekipp am gaangen, nei Schinnen ze leeën.

Zanter dem 16.Juli fiert keen Zuch méi op Beetebuerg. Nei Schinne ginn ablécklech am südlechen Deel vun der Stater Gare geluecht. D'Zich kënnen esou spéider an den neie Quaie 5 a 6 alafen.

E spezielle Kran bréngt déi nei Schinnen op hir respektiv Plaz. Dës Aarbechte verlaange vill Fangerspëtzegefill vun de Leit, et ass nämlech eng Millimeter-Aarbecht. Eng 90.000 Clienten transportéieren d'CFL all Dag um Lëtzebuerger Eisebunnsreseau. Iwwer 1.000 Zich sinn dofir pro Dag ënnerwee.

Dës Aarbechten hunn e gemeinsaamt Zil. D'Linn 1 an Direktioun Ëlwen souwéi d'Linn 60 an Direktioun Beetebuerg iwwer d'Stater Gare duerch ze verbannen. Geschafft gëtt deelweis op 3 Schichten, fir datt d'Aarbechte bis den 8. August solle fäerdeg sinn. Da geet et nees eegleiseg Richtung Beetebuerg.