Dëst Konzept um Luxairport wier net ganz kompatibel mat der "mobilité douce", beschwéiert sech en Twitter-User.

Den neie Parking fir d'Vëloe vun de Mataarbechter vum Luxairport ass net gratis. Do reege sech verschidde Leit am Internet driwwer op, well een den Auto awer ouni ze bezuelen an der Géigend vum Findel kann ofstellen. Vun de Responsabele vum Luxairport dogéint heescht et, datt et aner Méiglechkeete ginn, de Vëlo ofzestellen, wou een net dofir bezuele muss. Dësen neie Luxusparking fir Cycliste kascht iwwregens 5 Euro de Mount.

All d'Detailer zu dëser Story bei eise Kolleege vu 5Minutes.