De Präis vum Liter 95er an 98er Bensinn geet e Samschdeg um Hallefnuecht nees e gudde Krack erof.

Beim Liter 95er Bensinn (E10) ass et eng Baisse vun 3,3 Cent op 1,636 Euro de Liter. De Liter 98er Bensinn (E5) fält ëm 5,5 Cent a kascht vun e Samschdeg un 1,843 Euro de Liter. Beim Diesel ännert sech präislech gesinn näischt.

Och de Masutt gëtt liicht méi bëlleg. De schwiefelfräien (10 ppm) geet 0,2 Cent erof op 1,177 Euro de Liter, beim schwiefelaarme Masutt (50ppm) ass et eng Baisse vun 0,4 Cent. Hei kascht de Liter deemno nach 1,175 Euro.

RTL