"Mir si keng Tram-Géigner, mee mir mussen am Kader vum Bau vum Tram Kompromësser fannen, déi och d'Vergaangenheet respektéieren!"

Dat ass d’Positioun vun de Frënn vun der Festungs-Geschicht. D'ASBL schafft mat den Autoritéiten zesummen, wann et ëm grouss Bauprojete geet. An et wier een op kee Fall géint all Neies. Beim Thema Tram-Streck "Glacis- Porte-Neuve-Bd Royal" misst een awer um Qui-vive sinn.

Hei wou déi eng trëppelen an déi aner an d'Pedalle sprangen, kéinte seng Schinne leien kommen: Vun uewen dem Glacis erof bis an e Boulevard Royal oder kuerz virdrun, riets an de Boulevard Prince Henri eran. De Park wier deen Ament op senger Längt an d’Stad, mee och an der Kéier op d’Prënzestrooss an de Féiss.

Geschicht à la Louis XIV

A genee do leie Vestigen, déi et a sech hunn, erkläert de President vun de Frënn vun der Festungsgeschicht, Robert Wagner. Virun allem d’Kinnekswiss an den Areal ronderëm sinn intressant. Hei drënner läit nämlech, nach zimmlech intakt, de Fort Royal begruewen. Patréiner: de Louis XIV.

RTL

En Tresor vun der Militärgeschicht

An dëser Géigend léich en Tresor vun der Militärgeschicht begruewen, seet de President, e Bijou un architektoneschen Elementer. Wann een eppes mécht, da misst dat am Aklang mat der historescher Bausubstanz geschéien, och wann een dat ausserierdescht net méi geséich, wéi hei op der Kinnekswiss.

Kasematten, Galerien ronderëm, Vestigen, zwee Forten, déi weltwäit eng Raritéit wieren. Ob déi en Tram a seng Bauaarbechte gutt géife verdauen, kéint ee net soen!

Weltwäit unique

An et gëtt ëmmer méi intressant. Nodeems eis Festung geschlaff war, huet de Staat der Stad Land iwwerlooss, sous condition dass ausser Park hei hinner näischt dierft stoe kommen. Ob d’Konventioun vun deemools eng Tram-Streck zouléisst oder net, misst iwwerpréift ginn.

An dann um Enn de Scoop, wat eis Militärgeschicht ugeet: D'Bréck iwwert de Gruef gebaut tëscht 1626 a 36, iwwert den aktuelle Boulevard Royal, si misst onbedéngt geschützt ginn. Do sinn d’Frënn vun der Festungsgeschicht formell.

RTL

Hire President Robert Wagner mécht sech Suergen, well d’Bréck déi nei baulech Interventioune déi Kéier net kéint packen. Well och dës Bréck hätt hiren historesche Wäert a bei deene Maschinnen, déi haut am Asaz sinn, och vläicht manner Chance, duer ze halen.

Mee wéi gesot: Si wiere kompromëssbereet, mee grad esou prett, sech fir de Respekt vun eiser Festungs-Geschicht anzesetzen.