Nach bis e Freideg gouf déi nei Streck tëscht der Stater Gare a Bouneweg mam Tram getest. Ronn ee Mount hunn des Testfaarte gedauert.

Vum 11.September u fiert den Tram da reegelméisseg hei iwwer de Pont Buchler Richtung Bouneweg. Zanter 1994 ass des Bréck a Betrib a gouf fir den Tram ëm ronn 19 Meter méi breet gebaut. 2019 haten d'Ëm- an d'Ausbauaarbechte vun der Tramsstreck ugefaangen.

Op dësem neien Tronçon ginn et mam "Leschte Steiwer" a "Lycée Bouneweg" och zwee nei Arrêten. Net grad 4 Minutte bräicht den Tram tëscht dem Bouneweger Lycée an der Stater Gare.

Viru kuerzem goung jo och déi nei Strooss - de boulevard de Kyiv" - fir den Autostrafic op. D'N3 zu Bouneweg féiert laanscht Tramsschinnen.

De Kollektivcongé dauert nach bis den 21. August. Un der Extensioun vum Tramsreseau gëtt allerdéngs riicht duerch geschafft. Schliisslech soll een Ugangs 2024 bis op d'Cloche d'Or bei de Stadion mam Tram kommen.

Am Joer 2024 soll den Tram dann och um Findel ukommen. Och hei géifen d'Aarbechte gutt virukommen.

Wann d'Tramsstreck tëscht dem Findel an der Cloche d'Or bis operationell ass, kéinten all Dag iwwer 100.000 Leit vun dësem Transportmëttel profitéieren.