Och ee Joer, nodeems d’Strooss tëscht Wolz a Wanseler duerch staarke Reen deels ewech geschwemmt gouf, leeft den Trafic do bis haut just op enger Spuer.

Dat wäert sech awer geschwënn änneren, schreift de Mobilitéitsminister François Bausch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Mëttlerweil wier eng geo-technesch Etüd nämlech ofgeschloss fir de ganz komplizéierten Chantier an eng Soumissioun wier amgaangen.

D’Aarbechten, fir d’Strooss nees op zwou normal Spueren ze kréien, sollen am Summer d’nächst Joer ufänken. De Käschtepunkt gëtt op 750.000 Euro chiffréiert.