D'Conny Pertl kann den Ament net an hirem Haus wunnen. D'Maueren, d'Miwwelen... alles ass pechschwaarz vum Damp. Schold war en Elektro-Scooter.

Wéi vill anerer hat d'Conny sech deen aus prakteschen an nohaltege Grënn kaf. A wéi all anerer hat si och net domat gerechent, datt deen eng Kéier géif brennen. Wéi geféierlech sinn d'Batterien an den E-Gefierer a wéi kann een d'Gefor vun engem Brand evitéieren?

Den 13. August huet et owes um 19 Auer geknuppt. D'Conny Pertl weess deen Ament nach net, wat geschitt ass. Den E-Scooter bei der viischter Dier hat Feier gefaangen. Am ganzen Haus schwaarzen Damp. Deen huet sech iwwerall op deenen 3 Etagë festgesat, erkläert si. "D'Haus ass déi nächst Méint och net bewunnbar, well dat eben immens toxesch ass." D'Botzfirme si schonns 2 Woche mam Haus amgaangen. Villes gesäit scho besser aus. D'Conny wunnt den Ament nach bei Kolleegen. Zemools an den Ecke gesäit een dee schwaarze Schied nach gutt. Wou soss Biller houngen, sinn d'Rummen elo ausgezeechent. D'Conny misst alleguerten d'Fotoe vun hire Kanner ewechgeheien. "Et ass nu mol och net nëmmen dat Materiellt, mee eben och den emotionale Wäert dohannert."

Am Haus wëll d'Conny net méi bleiwen. Well och lo nach, wann et knuppt, erféiert si. Hir ass awer bewosst, datt esou eppes bal ni geschitt. Dat confirméiert och de Serge Muller. Tatsächlech wieren d'Akkuen, iwwregens net esou verschidde vu Computer- oder Handyakkuen, an esou Fäll dacks virdru scho beschiedegt. Spriech, extremen Temperaturen ausgesat oder fale gelooss ginn. "Déi Batterië ginn deen Ament thermesch esou héich opgehëtzt, datt si sech zersetzen. Wann een en Akku opschrauft, fënnt ee lauter kleng Batterien dran. Wann eng ufänkt mat brennen, géif séier eng Kettereaktioun entstoen", esou de Serge Muller. Dat géif och erklären, firwat et 3 Mol geknuppt huet.

Wichteg wier: beim Kaf ëmmer no engem CE-Zeeche kucken. Et sollt een am beschten och just da lueden, wann een och doheem ass. "Och einfach eng Kéier kucken, ob den Akku net beschiedegt ass." Esou soll ee beispillsweis kucken, ob d'Karkass nach ganz ass. Wann déi opgefuer ass, misst een dovunner ausgoen, datt e futti ass an net méi ze benotzen. Wann ee sech net sécher ass, kann een den Akku och an en Eemer Sand leeën, fir datt kee Sauerstoff dru kënnt. Da kéint en och net méi Feier fänken. Bis elo hätt ee just 2 Fäll gehat, wou Batterien un Elektro-Gefierer gebrannt hunn. Ganz seelen also. An awer... En Elektro-Gefier kënnt fir d'Conny net méi a Fro.