Vun en Donneschdeg u ginn d'Präisser vum Bensinn nees an d'Luucht, d'Präisser vum Diesel a Masutt bleiwen onverännert.

De Präis vum 95er Bensinn (E10) klëmmt ëm 5,4 Cent op 1,640 Euro de Liter.

Den 98er Bensinn (E5) geet ëm 3 Cent op 1,861 Euro de Liter erop.

Beim Diesel a Masutt, déi um Mëttwoch liicht méi bëlleg gi sinn, gëtt et keng Ännerung.

RTL

© RTL-Grafik