Vun e Freideg u ginn d'Präisser vum Diesel a Masutt nees erof, d'Präisser vum Bensinn bleiwen onverännert.

De Präis vum Diesel geet ëm 7,8 Cent op 1,782 Euro de Liter erof.

De Masutt (10 ppm a 50 ppm) geet ëm 7,9 Cent op 1,206, respektiv op 1,204 Euro de Liter erof.

Beim Bensinn, deen en Donneschdeg ëm 3 Cent (98er) a 5,4 Cent (95er) méi deier gi war, gëtt et keng Ännerung.

RTL

© RTL-Grafik