Den annoncéierte Streik vun de Fluchlotsen e Freideg an e Samschdeg a Frankräich huet och Repercussiounen op Lëtzebuerg.

Luxairport huet en Donneschdeg den Owend eng virleefeg Lëscht publizéiert mat Flich vun an op Lëtzebuerg, déi annuléiert sinn. Betraff sinn eng 16 Vollen, ënnert anerem d'Destinatioune Paräis, Madrid, Barcelona, Lissabon an Nice.

Leit, déi an deenen nächsten Deeg wëlles haten ze fléien, si gebiede sech um Lafenden ze halen. D'Fluchkompanien hu wéinst dem annoncéierte Streik a Frankräich eng dausend Flich ofgesot. Et ass mat Annulatiounen a Retarden um ganze franséischen Territoire ze rechnen.

De Streik gouf vun der Gewerkschaft SNCTA ausgeruff, wéinst engem Sträit ëm en Inflatiounsausgläich, an Weeër neit Personal ze rekrutéieren. An de nächste 12 Joer geet nämlech een Drëttel vun de franséische Fluchlotsen an d’Pensioun.