D'Flich e Méindeg vum Flughafe Schiphol op de Findel vun 12:50 Auer an 20:55 Auer si wéi geplangt gestart, allerdéngs gouf de Fluch vu 17:00 Auer gestrach.

Domadder kënnt d'KLM der Demande vun de Bedreiwer vum Flughafe Schiphol no, manner Passagéier vu Schiphol aus starten ze loossen. Dëst, well een ze wéineg Sécherheetspersonal hätt an dat aktuellt Personal staark iwwerbelaascht wier.

Allerdéngs, esou heescht et vun der KLM, géif een den Ament net plangen, weider Flich ausfalen ze loossen. Allgemeng wier een net frou iwwert d'Entscheedung vum Flughafen, fir manner Leit ze transportéieren, deelt déi gréissten hollännesch Fluchgesellschaft an engem Schreiwes mat.

Den Amsterdamer Flughafe plangt an Zukunft, datt deeglech 9.250 Passagéier manner de Flughafe verloosse sollen, fir d'Sécherheetspersonal z'entlaaschten a fir manner Stau bei de Sécherheetskontrollen ze suergen. Esou fält och de Fluch op Lëtzebuerg vum 22. September vun 12:50 Auer aus, souwéi de Fluch vum 23. September och um 12:50 Auer.