An der Regioun Wallonie erhofft een duerch manner Luuchten op den Autobunnen en Deel zur Léisung vun der Energiekris bäidroen ze kënnen.

Bis zu 400.000 Euro sollen doduerch agespuert ginn.

An der Nuecht op en Dënschdeg goufen op engem Deel vun der Autobunn E40 tëscht Léck a Léiwen (Louvain) vun 22.00 Auer un d'Luuchten ausgeschalt. Och op aneren Autobunnen an der Belsch sollen an deenen nächsten Deeg d'Luuchten tëscht 22.00 a 5.00 Auer ausgeschalt bleiwen.

D'Spuermoossname sinn op dräi Méint ugesat, duerno géif een dann an der Regierung kucken, ob d'Mesuren eppes bruecht hätten an ob ee se verlängere soll.