D'Verwaltungsgeriicht vu Berlin-Brandenburg huet d'Vitesslimitt fir Vëlosfuerer vun 10 Kilometer an der Stonn e Freidegmëtteg offiziell confirméiert.

Domadder huet d'Verwaltungsgeriicht eng Reklamatioun vun engem Cyclist géint den Tempolimitt ofgeleent. Zënter Juli 2021 dierfe Vëlosfuerer op engem Deel vun der Bergmannstrasse zu Kreuzberg just nach mat 10 Kilometer an der Stonn fueren. D'Geriicht géif sech a senger Decisioun doduerch bestätegt gesinn, well d'Strooss den Ament souwuel vun Autoen, Foussgänger a Vëlosfuerer staark benotzt géif ginn an doduerch de Risk fir Accidenter erhéicht wier. Doriwwer eraus wier d'Strooss zimmlech schmuel, wat d'Vitesslimitatioun och rechtfäerdege géif, esou dat däitscht Geriicht.

Experten halen et fir méiglech, datt wann d'Notzung vum Vëlo an de Groussstied weider zouhëlt, datt esou Vitesslimitatioune fir Vëloen ëmmer méi dacks ëmgesat wäerte ginn.