Beim Diesel ass et vun Hallefnuecht un eng Hausse vu 6,1 Cent um Liter. Och beim Masutt beweegt sech d'Hausse an änleche Beräicher.

Beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm) ass et eng Hausse vu 5,9 Cent. De Liter kascht deemno 1,228 Euro. De schwiefelaarme Masutt (50ppm) klëmmt ëm 6 Cent op 1,229 Euro de Liter.

De 95er Bensinn gëtt 3,5 Cent méi deier a klëmmt op 1,648 Euro.

Beim Diesel muss ee vun e Samschdeg un 1,810 Euro pro Liter bezuelen, wann een tanke geet.