No der rezenter Baisse, gi vun e Freideg un d'Präisser vum Diesel a Masutt nees erop, d'Präisser vum Bensinn bleiwen onverännert.

De Präis vum Diesel geet ëm 7,7 Cent op 1,840 Euro de Liter erop.

De Masutt (10 ppm a 50 ppm) geet ëm 7,7 respektiv 7,8 Cent erop.

Den 10ppm kascht dann 1,258 Euro de Liter an de 50ppm klëmmt op 1,259.

RTL