Vun e Samschdeg u ginn d'Präisser vum Bensinn nees an d'Luucht, d'Präisser vum Diesel a Masutt bleiwen onverännert.

De Präis vum 95er Bensinn (E10) klëmmt ëm 5,3 Cent op 1,675 Euro de Liter.

Den 98er Bensinn (E5) geet ëm 2,4 Cent op 1,898 Euro de Liter erop.

Beim Diesel a Masutt, déi e Freideg geklomme waren, gëtt et keng Ännerung.

RTL

© RTL-Grafik