Foussgänger gehéieren zu de schwächsten am Stroosseverkéier, zemools kleng Kanner, eeler Leit, ewéi och Mënsche mat enger Behënnerung.

D'Sécherheet vum Foussgänger / Reportage Laura Lessyn

Zwee Drëttel vu den Accidenter tëschent engem Gefier an engem Foussgänger geschéien am Däischteren.

D'Visibilitéit vum Foussgänger hänkt ënner anerem vu der Kleedung of, virun allem an der Hierscht-Wanter-Zäit. E Chauffer vun engem Gefier gesäit e Foussgänger mat däischterer Kleedung eréischt op enger Distanz vu 25 Meter, e Foussgänger mat méi heller Kleedung vu 40 Meter aus, an e Foussgänger mat Reflektere vun 140 Meter aus. Et ass also wichteg, sech bewosst an dëser Zäit méi hell unzedoen, an am beschten nach mat Reflekteren. Wat muss de Foussgänger nach an dëser Hierscht-Wanter-Zäit respektéieren?

"Wann de Foussgänger bei schlechter Siicht oder wärend der Nuecht ausserhalb vun der Uertschaft op der Strooss ënnerwee ass, da muss een och deen Ament eng entspriechend Warnvest undoen. Dëst gëtt awer oft vergiess", seet den André Schaack vun der Police.

Dass een e Foussgänger bei engem Zebrasträifen eriwwerloosse muss, ass kloer. A wéi enge Situatioune muss een de Foussgänger nach eriwwer loossen, och wa keng Zebrasträifen do sinn?

"De Foussgänger, dee sech engagéiert, op de Foussgängersträifen oder just d’Intentioun huet, fir op de Foussgängersträife wëllen ze goen, huet ëmmer Prioritéit, do muss een ëmmer stoe bleiwen. Do, wou de Foussgänger och nach Prioritéit huet, wann een zum Beispill an eng aner Strooss wëll ofbéien, och wa kee Foussgängersträifen um Buedem gemoolt ass", erkläert de Manuel Ruggiu vun der SNCA.

"An och nach, wa vun enger Distanz vun 30 Meter kee Foussgängersträifen ass, dierfe Foussgänger selbstverständlech iwwert d'Strooss goen, deen Ament ass de Foussgänger awer net méi prioritär. Do ass et um Foussgänger, och ze kucken, wéini e sécher kann iwwert Strooss goen."

Wann de Foussgängersträifen awer ënner 30 Meter wäit ewech ass, muss een dëse benotzen. Wat dierf een dann als Chauffer vu engem Gefier, alles net beim Zebrasträife maachen?

"Wa Foussgänger um Foussgängersträife sinn, da soll een deenen och Zäit loossen, fir eriwwer ze goen. Et duerf ee se op kee Fall hetzen, oder drängelen. Et soll een och gefaast sinn, dass d’Leit hir Meenung och nees änneren, an Demi-Tour maachen, dofir net ze fréi lassfueren. Wat een och net duerf maachen, wann een am Stau steet oder am Stop-and-Go ass, dierf een de Foussgängersträifen net blockéieren an drop stoebleiwen.“

"Wann een de Foussgänger net iwwer d'Strooss léisst, gesäit de Code de la Route eng Amende vun 145 Euro an zwee Führerschäin-Punkte vir," esou nach den André Schaack.

Mä net nëmmen de Chauffer muss op de Foussgänger oppassen, och de Foussgänger soll sech mat gesondem Mënscheverstand am Stroosseverkéier beweegen.