Doduerch géife mir international Opmierksamkeet areechen. Mä net nëmmen.

Lëtzebuerg ass eng Zort Labo fir d'autonoomt Fueren. D'Uni Lëtzebuerg bedeelegt sech zanter e puer Joer um Projet "Autonoomt Fueren". An dësem Kader war viru kuerzem um Kierchbierg en Auto ënnerwee, dee ganz vun eleng gefuer ass. Allerdéngs souz awer och nach eng Persoun hannert dem Steierrad.

Zanter September zejoert fiert och eng autonom Navett duerch d'Uelzechtstrooss. Den Trajet ass ee Kilometer laang an et si 4 Arrête virprogramméiert. Eng 1.000 Leit géife pro Mount vun dëser Offer profitéieren.

Ganz vill Technologie stécht an engem autonomen Auto. Op déi muss ee sech zu 100 Prozent verloosse kënnen, fir se am ëffentleche Raum anzesetzen. An dann entsti ganz vill nei Méiglechkeeten.

Bis een d'Steierrad komplett aus der Hand ka ginn, wäerten awer nach e puer Joer vergoen.