An der Stad ginn et aktuell e puer gréisser Chantieren, dovunner een op der Stater Gare.

An der Stad gëtt net nëmmen d'Plaz bei der Gëlle Fra nei amenagéiert, mä esou Aarbechte si jo ewell zanter enger gudder Zäit och virun der Stater Gare amgaangen.

Bis d'Garer Plaz, wou jo bis ewell d'Quaien an d'Arrête fir Busser awer Form unhëlt, dierft nach eng Zäit vergoen, wëll de Soumissiounsdossier eréischt an zwee Joer soll virleien.

Virdrun kréien d'Geschäftsleit, d'Stater Gemeng, d'CFL an d'Garer Leit nach d'Méiglechkeet, hir Meenung zum Reamenagement vum Garer Parvis eranzeginn.

Haaptbestanddeel soll e groussen ënnerierdeschen Parking ginn, awer net fir Autoen, mee fir Vëloen!

Parallel zu dësem Parking an enger neier, funktioneller Garer Plaz entsteet och de neie Sëtz fir d'CFL. Déi éischt Info-Reunioune fir d'Leit sinn am Fréijoer d'nächst Joer geplangt.

All dëst äntwert de gréngen Minister fir ëffentlech Bauten François Bausch sengem Parteikolleeg François Benoy op Basis vun enger parlamentarescher Fro.