Beim 95er ass et en Donneschdeg vun Hallefnuecht un eng Baisse vu 7,5 Cent um Liter, nodeems e virun 2 Deeg ëm dat selwecht geklomme war.

De Masutt an den Diesel ginn och nees ëm 6 Cent méi bëlleg.

Beim schwiefelfräie Masutt (10 ppm) ass et eng Baisse vu 6,3 Cent. De Liter kascht deemno 1,260 Euro. Beim schwiefelaarme Masutt (50ppm) déi selwecht Baisse a kascht da vun en Donneschdeg Hallefnuecht un 1,257 Euro de Liter.

De Präis vum 95er Bensinn geet 7,5 Cent erof, op 1,723 Euro de Liter.

Beim Diesel muss ee vun en Donneschdeg un 1,825 Euro pro Liter bezuelen, bei enger Baisse vu 6,3 Cent.

RTL

© RTL Grafik