E Dënschdeg ëm Hallefnuecht fält de 95er Bensinn ëm 8,3 Cent, beim Diesel sinn et 8,8 Cent a beim 98er Bensinn 5,3 Cent.

Vun en Dënschdeg u kascht de 95er Bensinn deemno just nach 1,64 Euro, den 98er Bensinn läit bei 1,87 Euro. Den Diesel kascht vun en Dënschdeg un 1,73 Euro pro Liter.

Och de Masutt gëtt méi bëlleg: Den 10 ppm kascht 8,8 Cent wéineger a läit domat bei 1,17 Euro, beim 50 ppm ass et eng Baisse vun 8,7 Cent op dann 1,17 Euro.