Fir den Diesel gëlle vun Hallefnuecht un nei Präisser. Och de Präis vum Masutt geet erof.

Fir den Diesel ass et eng Baisse vu 4,1 Cent op 1,691 Euro de Liter. De Masutt gëtt och e bësse méi bëlleg: Beim 10ppm ass et eng Baisse vun 3,8 Cent op dann nach 1,134 Euro, de 50ppm geet ëm 3,9 Cent erof a kascht vun Hallefnuecht un 1,131 Euro.