Wéi geet et dem Automobilsecteur mat der Pandemie, dem Ukrain-Krich, de rare Matières premières mat de verbonnenen héije Präisser a logistesche Problemer?

Wéi gesäit d'Mobilitéit vun der Zukunft aus? Wéi finanzéieren ech mäin Auto? Si Produktioun a Luedinfrastrukturen am Aklang? Fënnt d'Branche genuch qualifizéiert Mataarbechter a wéi eng Formatioune brauch de Secteur? Op dës an aner Froe ginn et Äntwerten am 3. IPeople Lët’z Talk.

Zu Gaascht beim Camille Ney sinn de Philippe Mersch, President vun der Fedamo a Gerant vum Garage Kremer zu Miersch, de Michel Louro, COO Retail Losch, de Yannick Gardin, Responsable vente voitures neuves Merbag Esch/Alzette an de Jean-Claude Juchem, Direkter vum ACL.