D'Fërderung vum Vëlo an de Benelux-Staaten an an NRW stoung um Méindegnomëtteg fir de François Bausch an enger digitaler Table ronde um Programm.

Zesumme mat senge belschen Amtskolleege Georges Gilkinet, Lydia Peeters, dem Ulrich Malburg vum Verkéiersministère aus Nordrhein-Westfalen an dem Lëtzebuerger Generalsekretär vun der Benelux Alain de Muyser huet de lëtzebuergesche Mobilitéitsminister d'Resultater vun enger entspriechender Käschten-Notzen-Analys, wéi och eng Roadmap, also en detailléierte Projet-Plang, zum Thema Vëlo presentéiert.

Och ware Vertrieder vun der europäescher Cycliste-Federatioun present, déi am Uschloss un d'Presentatioun Froe stelle konnten.

Zil soll et sinn, d'Notzung vum Vëlo an de Benelux-Staaten, mä och an Nordrhein-Westfalen ze "stimuléieren". Heifir sollen eng ganz Rei Mesuren ergraff ginn, dorënner verschidde Campagnen, d'Verbesserung vun der Vëlosinfrastruktur oder eng méi intensiv Zesummenaarbecht tëschent de Benelux-Memberstaaten an Nordrhein-Westfalen.