D'EU-Kommissioun huet gréng Luucht ginn. Aus Konkurrenz-Grënn schreiwen d'EU-Autoritéite gewëss Transaktioune vir.

Sou bréngt d'Fusioun mat sech, datt d'Aktivitéite vu Leaseplan zu Lëtzebuerg gestoppt an un en aneren Acteur verkaaft ginn.

Detailer, wéi et fir d'Leaseplan-Clientë weidergeet, ginn am Communiqué net genannt.