Vun e Mëttwoch u gëllen nei Präisser op der Pompel, dat mat enger Baisse op quasi alle Produiten.

Fir de 95er Bensinn ass et eng Baisse vu 3,2 Cent op 1,505 Euro de Liter. Den 98er geet ëm 3,9 Cent op 1,719 Euro de Liter erof.

Beim Diesel fält de Präis ëm 4,3 Cent op dann nach 1,628 Euro de Liter.

Beim Masutt 50ppm ass et eng Baisse vun 4,4 Cent op dann 1,065 Euro de Liter a beim 10ppm geet de Präis ëm dat selwecht op 1,063 Euro erof.