D'Kontrolleure vun der franséischer Bunn streiken iwwert d'Chrëschtdeeg, well si onzefridde mat de proposéierte Lounerhéijunge sinn.

Um 8 Auer en Donneschdeg de Moie wäerte si d'Aarbecht nidderleeën. De Streik wäert bis de 26. Dezember um 8 Auer moies daueren.

Bei der Direktioun vun der SNCF stéisst dëst Virgoen op wéineg Versteesdemech. D'Lounerhéijungen, déi een de Kontrolleure proposéiert hat, géifen iwwert déi nächst 2 Joer gekuckt an der Moyenne eng Hausse vun 12 Prozent ausmaachen.

Wéi d'SNCF matdeelt, wäert iwwert de Weekend vu Chrëschtdag ronn en Drëttel vun den TGVen ausfalen.