Et kënnt een hautdesdaags bal net derlaanscht, e Fürerschäin ze hunn. Hat een an der Famill soss nëmmen ee Won pro Stot, huet haut bal jiddereen en Auto.

Entsprécht also engem Fuerpark vun dräi bis véier pro Stot, ma och alt emol bis zu sechs Autoen. Sief et am Privaten, ma haaptsächlech an der Aarbechtswelt ass e Fürerschäin dacks gutt ugesinn. Wat awer opfält, ëmmer méi packen de prakteschen Examen net.

Wisou ass dat esou? D'Laura Lessyn huet nogefrot.Et ass e wichtege Schratt an d'Onofhängegkeet, wéi och an d'Liewen als Erwuessenen. 16 obligatoresch Fuerstonne muss een hei zu Lëtzebuerg maachen, net ganz vill par rapport zu eisen Nopeschlänner. Sou muss een zum Beispill an Holland an och an Däitschland 24 Fuerstonnen hunn. A Frankräich sinn et der 20 a bei eise belschen Nopere muss een, fir direkt de Permis ze kréien, ganzer 30 Stonne maachen. Dat heescht awer och, datt dës Länner sech moderniséiert hunn an d'Fuerstonnen de Schüler ugepasst goufen.

De prakteschen Examen ass fir munch Fuerschüler dacks net esou einfach ze packen. Leider ass et dacks d'Nervositéit, déi dozou bäidréit, dovun ofgesinn, dass dat d'Fueren och net onbedéngt méi einfach mécht. D'Nervositéit ass sécher ee vun de Grënn, firwat Fuerschüler am Examen duerchfalen, mee wéi eng Grënn ginn et nach?

De Farleerer Tim Wagner mat Explikatiounen:

"Och mir mierken, dass sech ëmmer méi Schüler schwéier dinn, de prakteschen Exame bei der éischter Kéier ze packen. Grondsätzlech geet déi Mindestzuel vu 16 praktesche Fuerstonnen net méi duer. Well och de Verkéier ëmmer méi zouhëlt an d'Schüler sech ëmmer mat neie Situatioune mussen ausenanersetzen. Déi motoresch Fäegkeete sinn och net méi déi nämmlecht wéi fréier.
Do ass een, wou ee kleng war vill mam Bobbycar, Vëlo a Gokart gefuer, wat hautdesdaags vill manner de Fall ass. Dat meescht mécht sech spéitstens beim Fürerschäi bemierkbar, wou ee gesäit, dass d'Maîtrise vum Auto dem Fuerschüler däitlech méi schwéierfält. A sou och méi Zäit a Fuerstonnen dropginn, bis de Schüler den Dréi eraushuet."

RTL

Wat kéint een da maachen, fir d'Situatioun ze verbesseren?

Nach emol den Tim Wagner:

"Duerch méi Fuerstonnen huet een och méi Zäit, sech richteg op de Fürerschäi virzebereeden. D'Conduite accompagnée hëlleft och, well een do méi praktesch Erfarung kritt. Oder et geet een a Richtung Automatik, wou Schalten a Kupplung ganz ewechfalen a sech méi séier op de Verkéier ka konzentréiert ginn."

Wat soen déi plakeg Zuelen a punkto Fürerschäinsexamen hei am Land?

Bei der SNCA weess ee genee, wéi vill praktesch Examen d'lescht Joer gefuer goufen a wéi vill Leit dee gepackt hunn, oder eben och net.

De Manuel Ruggiu vun der SNCA:

"2022 hate mir insgesamt 14.639 praktesch Exame vun der Kategorie B, dat ass d'Kategorie vum Auto. Do ass den Taux de réussite globale bei 51,4%. Wat een awer muss soen, ass, dass bei der Conduite accompagnée der 62,9% duerchkommen a bei der non-accompagnée sinn et just 42,7% vun de Fuerschüler. Dat seet, dass d'Conduite accompagnée besser ass fir d'Schüler, si si besser virbereet, si gi besser eens a kréien och éischter de Fürerschäi wéi een, wou keng Conduite accompagnée gemaach huet."

Am Joer 2021 louch den Taux de réussite bei 14.069 Examen iwwregens bei 48,9%.

De Fürerschäin - E Reportage vum Lara Lessyn