D'CFL kafe sech beim Mäerter Hafen an. De Grupp iwwerhëlt Parte bei Luxport.

Mat dëse wéilt een nieft dem Beräich Eisebunn a Logistik elo op Aktivitéiten an der Schëfffaart a Schëtt-Produite setzen, heescht et an engem Communiqué. Rieds ass vun enger intermodaler Offer un Déngschtleeschtungen.

Déi strukturell Zesummenaarbecht soll Synergien tëscht de Cargo-Offere vu béide Gruppen fërderen, virun allem duerch d'Stäerkung vun der Offer Schinn/Strooss/Schëff vun a bis bei déi grouss europäesch Miereshafen.

D'Zesummenaarbecht soll ënner anerem iwwer d'Duechtergesellschafte Lorang S.A an CFL Intermodal lafen. D'Sitte Mäertert a Beetebuerg-Diddeleng solle komplementar genotzt ginn. Wéi vill Parte kaaft goufen, gëtt net präziséiert.